Beginners Guide to TikTok for Search - Rachel Pearson - We are Tilt __ Bright...
Editorial ASORL von Rol Girres
1.
Vu
Vertrauen,
Éierlechkeet
a
Loyalitéit!
Et
ass
eng
schwéier
Zäit
fir
onst
Land,
well
Lëtzebuerg
befënd
sech
an
enger
Staatskriis,
ausgeléist
duerch
Mësstrauen,
Onéierlechkeet,
Déloyalitéit
a
perséinlechen
Opportunismus.
Affairen
iwwert
déi
schons
Graas
gewues
war
goufen
nees
ausgegruewen
an
hunn
onst
Land
25
Joër
no
de
Faiten
däerarteg
déstabiliséiert,
dass
mir
haut
eng
institutionnell
Kris
hun
déi
d’Dimensioun
vun
den
deemolegen
Ereegnesser
bäi
wäitem
iwwertrëfft.
An
esou
muss
ee
sech
haut
d’Fro
däerfe
stellen,
ob
Lëtzebuerg
an
dëser
vu
Wirtschaftkris,
Iwwerschöldung,
Chômage
an
Inflatioun
gezeechenter
Zäit
keng
méi
primordial
a
kruzial
Problemer
ze
léisen
huet
ewéi
„d’Affär
Bommeléer“..
?
A
grad
esou
muss
ee
sech
d’Fro
däerfe
stellen,
ob
déi
heiteg
„Riichter“,
siefen
se
juristescher,
politescher
oder
moralescher
Natur,
à
même
sinn
oder
sech
wéinestens
d’Méi
maachen
an
hiren
Analysen
a
Jugementer
sech
an
de
Geescht
vun
däer
Zait
ze
versetzen
an
däer
d’Urspréng
vun
den
Affäre
leien.
Ech
wëll
net
falsch
verstane
ginn.
Bomme
sinn
a
ware
keng
demokratesch
Argumenter.
Awer
dee
Generalverdacht,
ënnert
deem
saïthier
sämtlech
staatlech
Institutiounen
stinn,
an
dat
méi
speziell
de
groussherzoglechen
Haff,
d’Police,
d’Arméi,
an
all
déi,
déi
an
hire
Reien
an
den
80er
Jore
gedéngt
hunn,
ass
inakzeptabel.
Jo,
d’Lëtzebuerger
Arméi
huet
an
den
Oesling-‐Exercicen
mat
den
amerikaneschen
„Special
Forces“
zesummegeschafft,
jo
deen
Een
oder
Anere
vun
eis
wousst
a
weess
wéi
e
Bam
oder
e
Pylône
gesprengt
gëtt,
dat
huet
zu
onser
Formatioun
an
zu
onse
Missioune
gehéiert.
A
fir
all
déi
et
vergiess
hätten:
Mir
ware
matten
am
kale
Krich
a
mir
stongen
engem
ideologisch
an
zueleméisseg
wäit
iwerléene
Géigner
mat
enger
eendeiteg
offensiver
Strategie
vis-‐à-‐vis.
An
den
Zerfall
vum
Warschauer
Pakt
an
de
Fall
vun
der
Berliner
Mauer
ass
och
de
Verdénscht
vun
all
deenen
NATO’s
Zaldoten,
déi
loyal
a
pflichtbewosst
an
a
vollem
Bewosstsënn
vun
de
Geforen
fir
hiert
eegent
Liewen
hiren
Déngscht
geleescht
a
keen
Zweifel
un
hirem
Asatzwëllen
gelooss
hunn
fir
ons
Fräiheet
ze
verdeedegen.
An
déi
Lëtzebuerger
Jongen,
déi
deemols
hire
fraiwëllegen
Déngscht
fir
Fridden
a
Fräiheet
un
der
Säit
vun
hiren
Alliéierten
geleescht
hunn,
verdéngen
och
haut
nach
Respekt
an
Unerkennung
an
net
generellt
Mësstrauen
a
Virveruerteelung.
No
all
deem
Parzeläin,
dee
bis
elo
zerbrach
gouf,
ass
et
primordial
d’Vertrauen
an
d’staatlech
Institutiounen
nees
hierzestellen.
Bis
elo
goufen
et
beim
Bommeléerprozess
keng
nennenswert
Resultater,
mee
nëmmen
Kollateralschied,
an
ech
ginn
dem
Gefill
net
lass,
dass
et
méi
ëm
de
„Mann“
geet
wéi
ëm
de
„Ball“,
an
ech
fäerten,
dass
en
fin
de
compte
d’Intégritéit
an
d’Loyautéit
vun
der
ganzer
„Force
Publique“
dauerhafte
Schued
wäert
huelen.
Op
déi
vermeintlech
„Whistleblower“
an
aner
„Enthüllungskünstler“
spéider
als
Helden
an
d’Geschichtsbicher
wäerten
agoen
bleift
ofzewaarden,
de
Schued
deen
si
bis
elo
provozéiert
hunn
ass
op
aller
Fall
elo
schons
méi
grouss
wéi
sämtlech
Bommen
vum
Bommeléer
vun
deemols.
Et
wäer
2. gutt
wa
mir
ons
Energie
an
Opmierksamkeet
nees
de
wierkleche
Problemer
zu
Lëtzebuerg
géife
widmen……
Mat
eppes
méi
Erfreelechem
well
ech
dësen
Editorial
ofschléissen,
nämlech
mat
enger
Invitatioun
un
all
ons
Memberen
fir
un
onsen
2
Manifestatiounen/Reesen,
déi
mir
Iech
an
desem
Bulletin
présentéieren,
d’nächst
Joer
deelzehuelen.
An
dem
Bestriewen
ons
Associatioun
mat
Liewen
ze
fëllen,
sinn
des
Initiativen
eng
gut
Geleenheet
fir
sech
ze
begéinen
an
zesummen
e
puer
flott
Momenter
ze
verbréngen.
…“Avis
aux
amateurs..!“