1. Mir, Schüler aus dem Lycée Classique d’Echternach, Nouveaux-Nez Epternaciens an Frënn a Kollegen vum
Danielle sinn an deene leschte Wochen mat der Affär School-Leaks konfrontéiert ginn, an mir sinn
erstaunt an schockéiert iwwert d’Virgoensweis vun dem Lëtzebuerger Schoul- an Rechtssystem souwéi
der Roll vun den Medien.
Et gouf den Risiko, datt verschidde Schüler bevirdeelegt konnten ginn duerch déi verfréiten
Verëffentlechung vun den Questionnairen vun den „épreuves communes“. D’Danielle huet probéiert dësen
Mëssstand opzedecken an Ongerechtegkeeten ze vermeiden. Mir wëssen, datt dem Danielle säin
Engagement am Verglach zu villen aneren Proffen weit iwwer seng Obligatiounen eraus geet, an datt si dat
nimools aus eegennëtzegen Grënn gemaach hätt. Wann d’D anielle, laut dem Ministère, duerch säin
Handelen net méi e Virbild fir seng Schüler ass, dann sinn all sengen Schüler hir Reaktiounen an hiren
Asaz en Géigebeweis dogéint.
Mir kënnen eis dat alles, wat an deenen leschten Wochen geschitt ass, nëmmen sou erklären:
Fir als Member vum Léierpersonal géint professionell Abusen um reguläre Wee virzegoen, dat géif
heeschen, Beispiller ze nennen an KollegInnen ze belaaschten. Nieft der emotionaler Erausfuerderung, déi
sou e Schrëtt bedeite géif, besteet awer haaptsächlech d'Gefor, datt sou de Problem op Eenzelfäll
reduzéiert géif ginn, wat an dësem Fall geschitt ass.
D’Tatsaach, datt desen onnéidege Feeler vun der Säit vum Ministère ëmmer nees zu Bevirdeelegungen
gefouert huet, an et och nees dëst Joer dozou komm wier, huet d’Danielle zur Entscheedung bruecht, des
Informatioun ze leaken an deem ganzen eng Dimensioun ze ginn, déi als Konsequenz huet, eng
Verännerung bei der Organisatioun vun dem Ganzen ze bewierken an et dem Ministère onméiglech ze
maachen, d’Fäll erofzespillen.
Duerch d'Verdeelen vun den Dokumenter huet si d'Noutbrems gezunn an fir den néidegen Impakt
gesuergt.
Den Versuch vum Ministère iwwer d'Press an duerch d'Aschalten vun der Justiz, déijéineg ze belaangen,
déi dëse Fall public gemaach hunn an grad net stillschweigend Profiteuren waren, ass eng
Oflenkungsstrategie. Dokumenter, déi verschiddene Leit aus dem Léierpersonal eng besser Virbereedung
vun hire Kanner erméiglecht hunn, sou ville Leit wéi méiglech zougänglech ze maachen, ass net een Abus,
mee ee Mëttel fir Gerechtegkeet anzefuerderen.
Dem Ministère geet et an dësem Fall net em Bildung oder Gerechtegkeet, mee em d’Oflenkung vun dem
eegenen Problem duerch d’Hexejuegd op zwee Leit.
Mir, als Deel vun der jonker Generatioun vun Lëtzebuerg, sinn der Meenung, datt sou Ongerechtegkeeten
net geschéien dierfen.
Dem Danielle säin Wierken als Proff an als Responsabel vum Theater Les Nouveaux-Nez Epternaciens
huet villen Leit hiert Liewen beréiert an verännert! Des sinn Aussoen vun Schüler, fréieren Schüler an Leit
di hannert dem Danielle an senger Entscheedung stinn:
„D’Danielle engagéiert sech net nëmmen fir seng eegen Schüler, mee fir jiddfereen deen Hëllef brauch.“
Alona Girch
”Den Theater vum Danielle baséiert op dem einfache Prinzip, datt jidderee gläichgestallt ass. Souwuel
Erwuessener wie Proffen. “
Sascha Hamzeh
„D’Danielle huet an den Prouwen fir eis ëmmer en oppent Ouer an hëlt sech fir jiddfereen Zäit, soubal si
nëmmen kann!“
Joe Delhez
„Mir hunn an all deenen Joeren souvill bäigeléiert an jiddereen kann bezeien, datt d’Danielle eist Liewen
verännert huet.“
Alona Girch
„Si ass einfach mënschlech, a bréngt eis am Theater wichteg sozial Kompetenze bäi, di net just Spass
maachen mee och spéider immens nëtzlech an hëllefräich sinn. En Theater ouni Si, kann a wëll ech mir
iwwerhaapt net virstellen.“
Anne Gillen
2. „D’Danielle war tout simplement, een Deel aus eisem Grupp, ouni deen mir eis et net méi virstellen kennen
ze spillen. Wéi an engem Auerwierk, wou een Zännrad feelt an näischt méi klappt, wéi en Orchester ouni
Dirigent.“
Joe Delhez
„Mir als Schüler vum Danielle senger IIeA hunn eis Franséischproff ëmmer als engagéiert a begeeschterte
Proff erlieft. Si huet et net nëmme gepackt, eis Freed um Cours an um Fach ze vermëttelen, mee och eise
schrëftleche souwéi sproochleche Niveau huet sech enorm verbessert. Zudem huet stets en immens gutt
Klima an der Klass geherrscht, well si zu all Moment d’Meenung vun eis Schüler respektéiert an an de
Cours matagebonnen huet, ouni dobäi de Programm aus den Aen ze verléieren.“
Isabel Sanchez an Sophie Modert
„Oppenheet an Ausdrock vu Gefiller hunn ech bei den Nouveaux-Nez geléiert. Mir hunn do esou vill
Wichteges geléiert, an ech si mir secher, datt ech un sou munch Hürden hänken bliwwen wier, wann
d'Danielle mir net sou villes matt op den Wee ginn hätt.“
Jerôme Burelbach
„D’Danielle ass eng vun deene engagéiertsten Proffen, déi ech kennen. Vill Mënschen wären ouni si lo net
do am Liewen wou se sin. All Schüler, deen si bis lo hat, kann bezeien, datt si sech ëmmer dofir agesat
huet, datt jiddfereen en richtegen Gerechtegkeetssënn entwéckelt. An mat hirem Handelen huet si dësen
verteidegt“
Melina Sinner
”Wann d’Danielle eis ewech geholl gëtt, dann huelt Dir 30 Schüler aus dem Theater eng Persoun, déi
obwuel si Proff ass, eng Frëndin ewech. Eng Frëndin, déi ee bal als Mamm vu 14:30-
22:00h bezeechne kann. Jo genau 22:00. Onbezuelten Iwwerstonne géif ech soen. Iwwerstonnen, déi
Danielle an déi komplett Grupp gären a Kaaf huelen, just fir kennen zesummen ze prouwen, fir den
Alldagsstress ze vergiessen an einfach Spaass ze hunn. D’Danielle lieft op an hirem Beruff an vermëttelt eis
all di Freed weider.
Dofir leen ech Iech un d’Häerz, huelt eis d’Danielle net ewech. Net no allem, wat si fir de Grupp an och fir
hir Schüler gemaach huet!”
Sascha Hamzeh
„Wann dir géint des Proff virgidd, gidd dir wëssentlech géint Kultur an Bildung. Ech schummen mech an
engem Land ze liewen an dem Responsabel vum Staat, deen normalerweis als moralesch Instanz misst
agéieren, géint Leit virginn, déi Feeler am System opdecken an probéieren gerecht ze handelen.“
Naema Sinner
„D’Danielle ass amfong den Theatergrupp. Si ass ëmmer hëllefsbereet, oppen fir alles an hëllt sech Zäit fir
jiddfereen. An d’Danielle stécht och hannert deenen immensen Kreatiounen, di all Joer vum Grupp op
d’Been gestallt ginn, an an deenen hiert Herzbludd stécht.“
Luca Di Bari
„D’Danielle suergt duerch säin Theatergrupp fir eng kulturell Aktivitéit, déi jiddferengem zougänglech ass.
Ouni si ass dat net méi méiglech an den Iechternacher Lycée verléiert doduerch seng gréissten kulturell
Relatioun zu sengen Schüler!“
Sandra Trienekens
„D’Danielle gëtt mir een Gefill vun dauerhafter an grousser Freed; an gudden Zäiten, wann mir zesummen
am Grupp schaffen an laachen, souwéi och an schlechten Zäiten wou Si mir ëmmer hier Hëllef ugebueden
huet“
Tony Krieger
„Ech kennen Si souwuel als Proff an als Metteuse en scène, wéi och privat, an ech kann eppes mat
Secherheet soen: Ech kenne kaum e Mënsch, deen esou gutthäerzeg an engagéiert ass ewéi d’Danielle!
Esou ee Mënsch aus dem Schoulsystem ze verbannen, wier e grousse Feeler, well si wëssen net, wat si
dem Danielle an eis - de Schüler - domadder ewech huele géifen.”
Liliane Kleyr
3. „Falls d’Danielle net méi an d’Iechternacher Proffekonferenz géing zeréckkommen, sou wäer dat op
sozialem, kollegialem, kulturellem, fachlechem an op mënschlechem Niveau eng Wonn, déi net ze heelen
wäer an em Liewen am LCE e schwéire Coup géing ginn.”
Marc Linden
Hei ass en Link fir eng Petitioun, déi d’Wourécht un d’Leit bréngen wëll an di betraffen Persounen
ënnerstëtzen soll! Loosst net zou, datt den Ministère gerechten an engagéierten Leit hir Zukunft
ewechhëllt!