1. Demissioun vun der Generalsekretärin
Pressematdeelung vum 18. Juni 2014
D'ADR hëlt zur Kenntnis, datt d'Liliana Miranda als Generalsekretärin, als Member vun der
Partei an als Fraktiounssekretärin mat Effet immédiat demissionéiert huet.
D'ADR bedauert de Verloscht vun engem Mataarbechter. D'Madame Miranda huet
wäertvoll Aarbecht geleescht, en et goufen och keng Divergenzen um politeschem Plang.
Als Generalsekretärin a Kandidatin huet se e groussen Deel zur Orientéierung an zur
Ëffentlechkeetsaarbecht bei den Europawale bäigedroen, wou d'ADR als Partei hiert
Resultat konnt verbesseren.
D'ADR bedauert, datt zum Deel perséinlech Attacke géint Membere vun der Partei erugezu
gi sinn, fir dës Demissioun ze begrënnen. Aner Kritiken bezéien sech direkt op hiren eegene
Kompetenzberäich als Generalsekretärin, an et huet leider och un Teamkompetenz gefeelt.
Am vollem Respekt vun de Statute wäerten d'Parteigremien iwwert d'Neibesetzung vum
Poste vum Generalsekretär beschléissen.
Jean Schoos
President vun der ADR