SlideShare une entreprise Scribd logo
1  sur  2
Télécharger pour lire hors ligne
Äntwert op de Bréif vum Lex Roth
am Luxemburger Wort vum 4. Mäerz 2015, Rubrik „Briefe an die Redaktion“
Ech bedaueren de Lex Roth an entschëllege mech net datt et mech gëtt
Léiwen, a wéinst Äre Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch, geschätzten Här Roth.
Ech hu keng Zäit a Loscht meng Äntwert mat méi oder manner gescheiten Zitater vu franséische
Genereel oder chinesesche Philosophen ze ënnerfidderen, mä ech wëll Iech soen datt Äre
Lieserbréif mech sou richteg vum Stull gerappt huet.
Ech resuméiere mol: Dir konstatéiert datt well, also 70 Joere nom Krich, e Rapport iwwer d'Behuele
vis-à-vis vun de jüddesche Leit an der Nazizäit virläit.
Ech si frou doriwwer, ma Dir schéngt dat ze bedaueren – firwat och ëmmer.
Da sidd Dir rosen, datt do „nëmmen“ d'Beamte kritiséiert géifen an net d'fräi Beruffer. Obwuel de
Vincent Artuso zum Schluss vu sengem Rapport och op d'Verfeelunge vun Notairen, Fiduciairen
asw. ageet, wëll ech Iech do Recht ginn. Mä den Optrag vun der Uni Lëtzebuerg un de Vincent
Artuso war numol just d'Verhale vun der Verwaltungskommissioun ze ënnersichen an net fir vun
Hëppsches op Dëppsches ze sprangen.
Eng direkt Hëllef vu Lëtzebuerger fir hir jüddesch Matbierger ass et mat Sécherheet och ginn. Ech
weess et nëmmen ze gutt, well mäi Papp bal dräi Joer zu Beefort vun enger klenger Bauerefamill
am Heeknapp verstoppt gouf. Ma et schéngt wéi wann hien och den allereenzege Judd zu
Lëtzebuerg an deem Fall gewiescht wier! Dës Thematik meritéiert och mol vun Historiker
ënnersicht ze ginn, mä dofir de Rapport Artuso unzeschwäerzen – dat kann ech net novollzéien.
Ech iwwersprange mol Är onnëtz Attack op déi wëssenschaftlech unerkannten Aarbecht vum
Lucien Blau, fir Iech ze informéieren, datt et zwar keen Drancy zu Lëtzebuerg gouf, ma dofir awer
de Klouschter Cinqfontaines, vu wou aus eng 300 Judden a Vernichtungslager transportéiert goufen.
Ech muss dovun ausgoen, datt Dir wéi leider och déi allermeeschte gutt Lëtzebuerger, nach ni eppes
dovun héieren hutt. Consultéiert dach mol ënner anerem www.memoshoah.lu!
An da schreift Dir op eng Kéier, datt de Chirac no 60 Joer „d'Judden-Affaire riichtgebéit“ hätt. Aha!
An d'Chamber oder de Xavier Bettel duerfen dat net mol 70 Joer duerno ze maachen? Dobäi huet
Dir awer net gegrommelt wéi de Léon Zeches sech fir d'Wort, de Bëschof sech fir d'kathoulesch
Kierch an de Buergermeeschter vun Déifferdeng sech fir d'Administratioun vu senger Gemeng
entschëllegt huet…
Et geet an Ärem Bréif da lëschteg weider mat egal wat. Dir sot: Lëtzebuerg hat keng eege Waffen-
SS. Ma jo, dofir hate mir awer alt 1.500 net gezwonge Krichsfräiwelleger. Ma déi ëmmerhi relativ
grouss Zuel ass de Preise wuel net duer gaangen en eegent Bataillon oder Regiment opzestellen.
Doraus awer e Beweis vu korrektem Verhalen ze bastelen ass dach eng Grimmel gewot.
Dir sot zu Recht, datt den Antisemitismus iwwerall am 19. an am 20. Joerhonnert uerg war, an haut
nach an der Ukrain, Polen a Russland (souwäit braucht Dir guer net ze lafen) géing existéieren. Jo
an? Ass domat den Antisemitismus hei zu Lëtzebuerg – wou jo nach 2013 um Veiner Miertchen
„lëschteg“ Lidder gebläert goufen – an dee mëttlerweil duerch de Rapport Artuso bewisenen
Antijudaismus ewech?
Huet de Rapport Artuso oder soss ee behaapt, datt d'Lëtzebuerger Vollek Juddenhaasser waren,
wieren oder sinn? Ganz einfach Neen! Dir braucht eist Vollek, vu gëschter oder vun haut, also net
géint Saachen ze verdeedegen déi him net virgeworf ginn. Wat awer Är Temoignagen ugeet, do géif
ech Iech häerzlech bieden a mech immens freeën, wann Dir déi dach endlech publizéiere géift. Och
déi déi net op eng Kouhaut ginn an Iech vun engem Mann erzielt goufen, deen 80% vun senger
Famill am Holocaust verluer hat. Dee Mann, deen nom Krich, iwerall „Judd-Sieg“ genannt gouf an
doriwwer nëmme frëndlech gegrinst huet. Dës Gespréicher erëmzegi wier sécher méi nëtzlech wéi
sou e Lieserbréif ze schreiwen, an deem Dir drëm biedelt, datt dach op kee Fall de Premier sech
entschëllegt.
Dobäi huet weder de Consistoire nach soss e Judd dat bis well gefrot! Et war den Historiker Serge
Hoffmann, dee menges Wëssens net der mosaescher Relioun ugehéiert, deen d'Fro vrun dräi Joer an
engem oppene Bréif un de Premier Juncker opgeworf huet. Dat gouf da vun aneren Historiker wéi
dem Renée Wagener an dem Denis Scuto opgegraff. De Ben Fayot an de Serge Wilmes sinn
doriwwer an der Chamber intervenéiert. Och d'asbl MemoShoah wollt, datt dëst Tabu-Thema
endlech opgeschafft sollt ginn. Wat hutt Dir, Här Roth, eigentlech dogéint?
Mä wéi deem och ass: Vun Entschëllegungen, a scho guer net vu falschen oder erzwongenen, hu
meng zwou Bomien an déi 1.200 Judde vu Lëtzebuerg déi am Holocaust ëmbruecht goufen net vill.
Mais encore! Wéi ass et da mam moraleschen Aspekt, wann Dir wësst wat ech mengen, Här Roth.
Mengt Dir wierklech datt et richteg ass: „...am Respekt fir eis Märtyrer, Resistenzleit, Refraktären,
Deportéiert, gefalen a geschanten Zwangsrekrutéiert, Maquisarden“ sech net am Numm vum
Lëtzebuerger Vollek ze entschëllegen? Firwat setzt Dir de Misär vum Holocaust a Kontradiktioun
zu aner Affergruppen? Et géif ee bal mengen, datt Dir, an aler Traditioun, d'Judden iwwerhaapt net
als Lëtzebuerger akzeptéiere wëllt! Net iwwerraschend wann ee weess, datt bis d'lescht Joer
d'Judden net mol op d'Jounée de la commémoration nationale invitéiert goufen! Bossegerweis hutt
Dir och ganz Kategorie wéi Zigeiner, Zeie Jehovas oder d'Homosexuell an Ärer pathetescher
Opzielung vergiess. Déi gehéieren an Ären Ae wuel och net zum Lëtzebuerger Vollek.
Här Roth, mat dëser Polemik probéiert Dir, bewosst oder onbewosst, der Regierung an dem
Parlament, onsen net selwerernannte Volleksvertrieder, eng Zwéckmillchen ze bauen, nom Motto:
Sinn ech fir d'Opschaffe vun der Juddeverfolgung an der Geschicht vum Zweete Weltkrich, da sinn
ech géint eist Land, eist Vollek!
Nujee, schëtt Iech roueg selwer Äschen iwwer de Kapp, ma w.e.g. net déi aus de KZ-Krematorien,
et kinnten e puer Lëtzebuerger Affer dobäi sinn!
Ech ka lo och nach ganz aartlech un déi 14 Lëtzebuerger am Polizeibataillon 101 erënneren. Mat
grousser Sécherheet hunn déi gehollef zegdausende Judden ze ermuerden - a Synagogen a
Scheieren hu si se lieweg verbrannt, vru selwer gegruewe Lächer erschoss. Dës ganz „normal
Männer“ aus Lëtzebuerg sinn dunn nom Krich meeschtens an de Staatsdéngscht opgeholl ginn, wou
der e puer vun hinnen eng impressionant Carrière gemaacht hunn. Duerno hu si ouni
Entschëllegung oder Bedaueren hir fënnefsechstel Pensioun genoss – natierlech ënner Urechnung
vun de Krichsjoeren.
An da schreift Dir, Här Roth: „...als Vollek brauche mir kengem“ (wee mengt Dir eigentlech
domat?) „zu Kräiz ze kréichen“. Maacht dat och besser net, soss fänkt de Judd deen dorop hänkt op
eng Kéier un de Kapp iwer Iech an Äre Lieserbréif ze rëselen.
Henri Juda,
Präsident MemoShoah Luxembourg asbl

Contenu connexe

Plus de Luxemburger Wort

Alle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der Regierungsbildung
Alle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der RegierungsbildungAlle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der Regierungsbildung
Alle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der RegierungsbildungLuxemburger Wort
 
Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...
Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...
Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...Luxemburger Wort
 
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023Luxemburger Wort
 
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023Luxemburger Wort
 
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023Luxemburger Wort
 
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023Luxemburger Wort
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdfLuxemburger Wort
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdfLuxemburger Wort
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdfLuxemburger Wort
 
20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docx20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docxLuxemburger Wort
 
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdfLuxemburger Wort
 
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"Luxemburger Wort
 
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger WortProf. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger WortLuxemburger Wort
 
Entwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der NiedrigwasserabflüsseEntwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der NiedrigwasserabflüsseLuxemburger Wort
 
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP SektiounPressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP SektiounLuxemburger Wort
 
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer Luxemburger Wort
 
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021Luxemburger Wort
 
Bahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu KurzstreckenflügenBahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu KurzstreckenflügenLuxemburger Wort
 

Plus de Luxemburger Wort (20)

Alle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der Regierungsbildung
Alle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der RegierungsbildungAlle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der Regierungsbildung
Alle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der Regierungsbildung
 
Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...
Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...
Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...
 
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
 
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
 
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
 
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
 
20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docx20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docx
 
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
 
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
 
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger WortProf. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
 
Tripartite-Abkommen
Tripartite-AbkommenTripartite-Abkommen
Tripartite-Abkommen
 
Entwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der NiedrigwasserabflüsseEntwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der Niedrigwasserabflüsse
 
Plan de déviation_V2.pdf
Plan de déviation_V2.pdfPlan de déviation_V2.pdf
Plan de déviation_V2.pdf
 
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP SektiounPressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
 
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
 
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021
 
Bahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu KurzstreckenflügenBahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
 

Brief Henri Juda

  • 1. Äntwert op de Bréif vum Lex Roth am Luxemburger Wort vum 4. Mäerz 2015, Rubrik „Briefe an die Redaktion“ Ech bedaueren de Lex Roth an entschëllege mech net datt et mech gëtt Léiwen, a wéinst Äre Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch, geschätzten Här Roth. Ech hu keng Zäit a Loscht meng Äntwert mat méi oder manner gescheiten Zitater vu franséische Genereel oder chinesesche Philosophen ze ënnerfidderen, mä ech wëll Iech soen datt Äre Lieserbréif mech sou richteg vum Stull gerappt huet. Ech resuméiere mol: Dir konstatéiert datt well, also 70 Joere nom Krich, e Rapport iwwer d'Behuele vis-à-vis vun de jüddesche Leit an der Nazizäit virläit. Ech si frou doriwwer, ma Dir schéngt dat ze bedaueren – firwat och ëmmer. Da sidd Dir rosen, datt do „nëmmen“ d'Beamte kritiséiert géifen an net d'fräi Beruffer. Obwuel de Vincent Artuso zum Schluss vu sengem Rapport och op d'Verfeelunge vun Notairen, Fiduciairen asw. ageet, wëll ech Iech do Recht ginn. Mä den Optrag vun der Uni Lëtzebuerg un de Vincent Artuso war numol just d'Verhale vun der Verwaltungskommissioun ze ënnersichen an net fir vun Hëppsches op Dëppsches ze sprangen. Eng direkt Hëllef vu Lëtzebuerger fir hir jüddesch Matbierger ass et mat Sécherheet och ginn. Ech weess et nëmmen ze gutt, well mäi Papp bal dräi Joer zu Beefort vun enger klenger Bauerefamill am Heeknapp verstoppt gouf. Ma et schéngt wéi wann hien och den allereenzege Judd zu Lëtzebuerg an deem Fall gewiescht wier! Dës Thematik meritéiert och mol vun Historiker ënnersicht ze ginn, mä dofir de Rapport Artuso unzeschwäerzen – dat kann ech net novollzéien. Ech iwwersprange mol Är onnëtz Attack op déi wëssenschaftlech unerkannten Aarbecht vum Lucien Blau, fir Iech ze informéieren, datt et zwar keen Drancy zu Lëtzebuerg gouf, ma dofir awer de Klouschter Cinqfontaines, vu wou aus eng 300 Judden a Vernichtungslager transportéiert goufen. Ech muss dovun ausgoen, datt Dir wéi leider och déi allermeeschte gutt Lëtzebuerger, nach ni eppes dovun héieren hutt. Consultéiert dach mol ënner anerem www.memoshoah.lu! An da schreift Dir op eng Kéier, datt de Chirac no 60 Joer „d'Judden-Affaire riichtgebéit“ hätt. Aha! An d'Chamber oder de Xavier Bettel duerfen dat net mol 70 Joer duerno ze maachen? Dobäi huet Dir awer net gegrommelt wéi de Léon Zeches sech fir d'Wort, de Bëschof sech fir d'kathoulesch Kierch an de Buergermeeschter vun Déifferdeng sech fir d'Administratioun vu senger Gemeng entschëllegt huet… Et geet an Ärem Bréif da lëschteg weider mat egal wat. Dir sot: Lëtzebuerg hat keng eege Waffen- SS. Ma jo, dofir hate mir awer alt 1.500 net gezwonge Krichsfräiwelleger. Ma déi ëmmerhi relativ grouss Zuel ass de Preise wuel net duer gaangen en eegent Bataillon oder Regiment opzestellen. Doraus awer e Beweis vu korrektem Verhalen ze bastelen ass dach eng Grimmel gewot. Dir sot zu Recht, datt den Antisemitismus iwwerall am 19. an am 20. Joerhonnert uerg war, an haut nach an der Ukrain, Polen a Russland (souwäit braucht Dir guer net ze lafen) géing existéieren. Jo an? Ass domat den Antisemitismus hei zu Lëtzebuerg – wou jo nach 2013 um Veiner Miertchen „lëschteg“ Lidder gebläert goufen – an dee mëttlerweil duerch de Rapport Artuso bewisenen Antijudaismus ewech?
  • 2. Huet de Rapport Artuso oder soss ee behaapt, datt d'Lëtzebuerger Vollek Juddenhaasser waren, wieren oder sinn? Ganz einfach Neen! Dir braucht eist Vollek, vu gëschter oder vun haut, also net géint Saachen ze verdeedegen déi him net virgeworf ginn. Wat awer Är Temoignagen ugeet, do géif ech Iech häerzlech bieden a mech immens freeën, wann Dir déi dach endlech publizéiere géift. Och déi déi net op eng Kouhaut ginn an Iech vun engem Mann erzielt goufen, deen 80% vun senger Famill am Holocaust verluer hat. Dee Mann, deen nom Krich, iwerall „Judd-Sieg“ genannt gouf an doriwwer nëmme frëndlech gegrinst huet. Dës Gespréicher erëmzegi wier sécher méi nëtzlech wéi sou e Lieserbréif ze schreiwen, an deem Dir drëm biedelt, datt dach op kee Fall de Premier sech entschëllegt. Dobäi huet weder de Consistoire nach soss e Judd dat bis well gefrot! Et war den Historiker Serge Hoffmann, dee menges Wëssens net der mosaescher Relioun ugehéiert, deen d'Fro vrun dräi Joer an engem oppene Bréif un de Premier Juncker opgeworf huet. Dat gouf da vun aneren Historiker wéi dem Renée Wagener an dem Denis Scuto opgegraff. De Ben Fayot an de Serge Wilmes sinn doriwwer an der Chamber intervenéiert. Och d'asbl MemoShoah wollt, datt dëst Tabu-Thema endlech opgeschafft sollt ginn. Wat hutt Dir, Här Roth, eigentlech dogéint? Mä wéi deem och ass: Vun Entschëllegungen, a scho guer net vu falschen oder erzwongenen, hu meng zwou Bomien an déi 1.200 Judde vu Lëtzebuerg déi am Holocaust ëmbruecht goufen net vill. Mais encore! Wéi ass et da mam moraleschen Aspekt, wann Dir wësst wat ech mengen, Här Roth. Mengt Dir wierklech datt et richteg ass: „...am Respekt fir eis Märtyrer, Resistenzleit, Refraktären, Deportéiert, gefalen a geschanten Zwangsrekrutéiert, Maquisarden“ sech net am Numm vum Lëtzebuerger Vollek ze entschëllegen? Firwat setzt Dir de Misär vum Holocaust a Kontradiktioun zu aner Affergruppen? Et géif ee bal mengen, datt Dir, an aler Traditioun, d'Judden iwwerhaapt net als Lëtzebuerger akzeptéiere wëllt! Net iwwerraschend wann ee weess, datt bis d'lescht Joer d'Judden net mol op d'Jounée de la commémoration nationale invitéiert goufen! Bossegerweis hutt Dir och ganz Kategorie wéi Zigeiner, Zeie Jehovas oder d'Homosexuell an Ärer pathetescher Opzielung vergiess. Déi gehéieren an Ären Ae wuel och net zum Lëtzebuerger Vollek. Här Roth, mat dëser Polemik probéiert Dir, bewosst oder onbewosst, der Regierung an dem Parlament, onsen net selwerernannte Volleksvertrieder, eng Zwéckmillchen ze bauen, nom Motto: Sinn ech fir d'Opschaffe vun der Juddeverfolgung an der Geschicht vum Zweete Weltkrich, da sinn ech géint eist Land, eist Vollek! Nujee, schëtt Iech roueg selwer Äschen iwwer de Kapp, ma w.e.g. net déi aus de KZ-Krematorien, et kinnten e puer Lëtzebuerger Affer dobäi sinn! Ech ka lo och nach ganz aartlech un déi 14 Lëtzebuerger am Polizeibataillon 101 erënneren. Mat grousser Sécherheet hunn déi gehollef zegdausende Judden ze ermuerden - a Synagogen a Scheieren hu si se lieweg verbrannt, vru selwer gegruewe Lächer erschoss. Dës ganz „normal Männer“ aus Lëtzebuerg sinn dunn nom Krich meeschtens an de Staatsdéngscht opgeholl ginn, wou der e puer vun hinnen eng impressionant Carrière gemaacht hunn. Duerno hu si ouni Entschëllegung oder Bedaueren hir fënnefsechstel Pensioun genoss – natierlech ënner Urechnung vun de Krichsjoeren. An da schreift Dir, Här Roth: „...als Vollek brauche mir kengem“ (wee mengt Dir eigentlech domat?) „zu Kräiz ze kréichen“. Maacht dat och besser net, soss fänkt de Judd deen dorop hänkt op eng Kéier un de Kapp iwer Iech an Äre Lieserbréif ze rëselen. Henri Juda, Präsident MemoShoah Luxembourg asbl