SlideShare une entreprise Scribd logo
1  sur  3
Bei dëse Walen och un eng nohalteg Entwécklung denken!
E Bréif vum Lëtzebuerger Nohaltegkeetsrot und d’Biergerinnen a Bierger
Léiw Biergerin, léiwe Bierger,
Den 20. Oktober sinn zu Lëtzebuerg Walen. Et gëtt iwwer en neit Parlament an eng
nei Regierung decidéiert, an dat bedeit zugläich, datt iwwert d’Orientéierunge vun
der Politik nei entscheed gëtt. Als Lëtzebuerger Nohaltegkeetsrot fille mir eis
ugesprach, fir dozou e puer Reflexioune mat op de Wee ze ginn. Mir hunn awer
decidéiert, an dëser kruzialer Phas net nëmmen d’Parteien unzeschwätzen, mee
geziilt och all d’Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen - op se dierfe matwielen oder net.
Mir hunn an deene läschte Méint e Sondage iwwert Är Perceptioun zu den
Entwécklunge vun eiser Gesellschaft lancéiert, deem seng Resultater eis elo
virleien.[1] D’Resultater weisen eiser Meenung no, datt d’ Noutwendegkeet fir
Changementer an eiser Gesellschaft kloer gesi gëtt. Hei nëmmen e puer Elementer
erausgepickt :
• Edukatioun
An der Bevölkerung gëtt et eng Quasi-Unanimitéit dofir, datt d’Schoul sech net
soll op den Enseignement reduzéieren, mee aus de Schoulkanner opgeklärte
Biergerinnen a Bierger maachen (91 Prozent) an alle Kanner eng artistesch,
biergerkundlech a manuell Erzéiung soll ginn (87 Prozent).
• Kris, Chômage, Renten
Eng grouss Majoritéit vun Iech (70 Prozent) géifen et gutt fannen, wann e
Plafong bei de Rente géif agefouert ginn. 65 Prozent wiere bereet, eng eege
Participatioun ze bezuelen. Ëmgedréit si 57 Prozent vun Iech fir d’Aféierung
vun enger Grondrent.
• Egalitéit
Fir vill vun Iech ass d’Gläichheet e wichtege Prinzip. Iwwert d’Halschent
mengen, datt all d’Posten an der Fonction publique och fir auslännesch Leit
missten op sinn, wann se di richteg Qualifikatiounen hunn. 47 Prozent fannen,
datt eng gesetzlech Fraequot bei leedende Funktiounen an an de
Verwaltungsréit misst agefouert ginn.
Bei aneren Theme stëmmen eis als Nohaltegkeetsrot d’Resultater vum Sondage méi
nodenklech, well mer en Ecart tëscht den Erwaardunge vun de Biergerinnen a
Bierger un d’Politik an hirer eegener perséinlecher Oppenheet fir Ännerunge
feststellen. E puer Beispiller:
• Liewensqualitéit
73 Prozent vun de Biergerinnen a Bierger sinn der Meenung, datt mir iwwert eise
Verhältnisser liewen, a 74 Prozent, datt hiert perséinlecht Verhale wichteg ass fir datt
d’Gesellschaft kann änneren. Awer 48 Prozent vun Iech soen och, datt sech am
Idealfall näischt soll un hirer perséinlecher Situatioun änneren.
• Klimaproblematik
Als Nohaltegkeetsrot stelle mir mat Zefriddenheet fest, datt d'Klimaproblematik
allgemeng erkannt gëtt an datt vill Leit d’accord sinn, datt Mesuren dogéint musse
geholl ginn.
73 Prozent vun Iech mengen, datt mer zu Lëtzebuerg iwwert eise Verhältnisser
liewen, a 74 Prozent (also bal dräi Véirel), datt de Klimawiessel d’Liewen zu
Lëtzebuerg an den nächsten 20 Joer wäert beaflossen. 80 Prozent fannen suguer,
d’Regierung misst méi staark géint d’Klimaverännerungen agéieren.
Mir fannen et awer schued, datt zwar d’Erwaardunge vis-à-vis vum Staat héich sinn,
vill Biergerinnen a Bierger awer entweder ze vill grouss Contrainten hunn oder keng
staark perséinlech Bereetschaft, hiert eegent Verhalen positiv ze veränneren.
Ëmmerhin 26 Prozent fannen: “Et ass net u mir fir iwwer d’Problemer vum Land
nozedenken a Léisungen ze sichen.” Nëmmen 42 Prozent wiere prett, méi Steieren
ze bezuelen, an 48 Prozent wieren dogéint, datt de Präis vum Benzin géif un dee
vun eisen Nopeschlänner ugepasst ginn, 22 Prozent hunn nach ni dru geduecht fir
manner de Fliger ze benotze fir an d’Vakanz. Dogéint wieren awer 67 Prozent dofir,
datt amplaz vun enger drëtter Spur op der Autobunn den ëffentlechen Transport soll
gefördert ginn. A 65 Prozent wiere bereet, den ëffentlechen Transport ze benotzen,
wann e méi komfortabel wier.
• Valeuren, Liewensqualitéit a sozial Kohesioun
Bei de Valeuren si Wäerter wéi Respekt vun deenen aneren, Fräiheet a
Gerechtegkeet fir iwwer 80 Prozent vun Iech wichteg, an den Ëmweltschutz
esouguer fir 90 Prozent. Dogéint schneid d’Cohabitatioun vun de verschiddenen
Nationalitéiten a Kulturen wäit manner gutt ower: Dëse Wäert gëtt nëmme vu 70
Prozent vun de Befroten als wichteg ëmfond, dee Wäert fält esouguer op 61 Prozent
bei de Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit, während e bei den auslännesche Leit 80,
a bei de portugisesche Leit souguer 85 Prozent erreecht.
Fir den Nohaltegkeetsrot ergëtt sech aus dëse Resultater, datt vill vun Iech zwar
d’Noutwendegkeet vu gesellschaftleche Changementer gesinn. Vill Biergerinnen a
Bierger schéngen awer der Meenung ze sinn, datt et fir d’éischt un der Politik ass, fir
dës Changementer an Ugrëff ze huelen, an eréischt an engem 2. Schrëtt bei hinne
selwer. D’Wichtegkeet vu Changementer gëtt och éischter a Beräicher gesinn, wou
et ëm d’Ofsécherung vu materiellem Wuelstand a Liewensgrondlage geet (Renten,
Educatioun, Ëmwelt) wéi am Beräich vum sozialen Zesummeliewen. Nodenklech
stëmmt eis och, datt a Krisenzäiten eis Solidaritéit mat der Drëtter Welt a Fro gestallt
gëtt: Iwwer d’Halschent vun de Befroten (51 Prozent) wore bereet, fir d’Lëtzebuerger
Entwécklungshëllef ze reduzéieren.
Virun allem déi Jonk (ënnert 25 Joer) schéngen sech Froen ze stellen, wat
d’zukünfteg Liewensqualitéit ugeet. Dëse Constat mécht eis als Nohaltegkeetsrot
natierlech Suergen, mä e muss awer och als Défi un d’Politik an un eis all verstane
ginn: An allen Decisiounen, déi mer haut huelen oder net huelen, musse mer eis
bestänneg d’Fro stellen, wéi en Effet dëst op d’Zukunft vun den nächste
Generatiounen huet.
Ob der dierft wielen oder net, mir wéilten Iech fir dës Walen net nëmme mat op de
Wee ginn, datt der de Parteien hir Bereetschaft iwwerpréift, Aktiounen ze
ënnerhuelen, déi fir en nohaltegt Funktionéiere vun eiser Gesellschaft noutwenneg
sinn. Mir wéilten Iech och drunn erënneren, datt Demokratie méi ass wéi all fënnef
Joer wiele goen. Demokratie bedeit och, sech perséinlech ze implizéieren a bereet
ze sinn, Changementer matzedroen. „Nohalteg Entwécklung“ heescht, datt
d’Gesellschaft sech soll sou entwéckelen, dat et deene Generatiounen déi no eis
kommen nach grad esou gutt geet, wéi eis haut. An dat esouwuel op ökologeschem
wéi och op ökonomeschem a op sozio-kulturellem Plang.
An deem Sënn wënsche mir Iech, léif Biergerin, léiwe Bierger, datt Dir di gutt Wiel fir
eis Gesellschaft trefft.
[1] Sondage TNS-Ilres fir den Nohaltegkeetsrot vum Fréijoer 2013, échantillon vun 1010
Persounen, di zu Lëtzebuerg liewen.

Contenu connexe

Plus de Luxemburger Wort

Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023Luxemburger Wort
 
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023Luxemburger Wort
 
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023Luxemburger Wort
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdfLuxemburger Wort
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdfLuxemburger Wort
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdfLuxemburger Wort
 
20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docx20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docxLuxemburger Wort
 
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdfLuxemburger Wort
 
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"Luxemburger Wort
 
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger WortProf. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger WortLuxemburger Wort
 
Entwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der NiedrigwasserabflüsseEntwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der NiedrigwasserabflüsseLuxemburger Wort
 
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP SektiounPressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP SektiounLuxemburger Wort
 
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer Luxemburger Wort
 
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021Luxemburger Wort
 
Bahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu KurzstreckenflügenBahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu KurzstreckenflügenLuxemburger Wort
 
Die Motion der vier Oppositionsparteien
Die Motion der vier Oppositionsparteien Die Motion der vier Oppositionsparteien
Die Motion der vier Oppositionsparteien Luxemburger Wort
 
8777 collins-ave---structural-field-survey-report
8777 collins-ave---structural-field-survey-report8777 collins-ave---structural-field-survey-report
8777 collins-ave---structural-field-survey-reportLuxemburger Wort
 

Plus de Luxemburger Wort (20)

Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
 
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
 
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
 
20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docx20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docx
 
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
 
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
 
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger WortProf. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
 
Tripartite-Abkommen
Tripartite-AbkommenTripartite-Abkommen
Tripartite-Abkommen
 
Entwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der NiedrigwasserabflüsseEntwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der Niedrigwasserabflüsse
 
Plan de déviation_V2.pdf
Plan de déviation_V2.pdfPlan de déviation_V2.pdf
Plan de déviation_V2.pdf
 
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP SektiounPressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
Pressecommuniqué vun der Escher LSAP Sektioun
 
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
Die Liste des Wohnungsbauministerium mit den Namen der Baulandbesitzer
 
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021Contacto conquista mais dois prémios europeus  em 2021
Contacto conquista mais dois prémios europeus em 2021
 
Bahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu KurzstreckenflügenBahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
Bahnalternativen zu Kurzstreckenflügen
 
Pol Aschman Braderie 1971
Pol Aschman Braderie 1971Pol Aschman Braderie 1971
Pol Aschman Braderie 1971
 
Die Motion der vier Oppositionsparteien
Die Motion der vier Oppositionsparteien Die Motion der vier Oppositionsparteien
Die Motion der vier Oppositionsparteien
 
8777 collins-ave---structural-field-survey-report
8777 collins-ave---structural-field-survey-report8777 collins-ave---structural-field-survey-report
8777 collins-ave---structural-field-survey-report
 

Briefwahl

  • 1. Bei dëse Walen och un eng nohalteg Entwécklung denken! E Bréif vum Lëtzebuerger Nohaltegkeetsrot und d’Biergerinnen a Bierger Léiw Biergerin, léiwe Bierger, Den 20. Oktober sinn zu Lëtzebuerg Walen. Et gëtt iwwer en neit Parlament an eng nei Regierung decidéiert, an dat bedeit zugläich, datt iwwert d’Orientéierunge vun der Politik nei entscheed gëtt. Als Lëtzebuerger Nohaltegkeetsrot fille mir eis ugesprach, fir dozou e puer Reflexioune mat op de Wee ze ginn. Mir hunn awer decidéiert, an dëser kruzialer Phas net nëmmen d’Parteien unzeschwätzen, mee geziilt och all d’Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen - op se dierfe matwielen oder net. Mir hunn an deene läschte Méint e Sondage iwwert Är Perceptioun zu den Entwécklunge vun eiser Gesellschaft lancéiert, deem seng Resultater eis elo virleien.[1] D’Resultater weisen eiser Meenung no, datt d’ Noutwendegkeet fir Changementer an eiser Gesellschaft kloer gesi gëtt. Hei nëmmen e puer Elementer erausgepickt : • Edukatioun An der Bevölkerung gëtt et eng Quasi-Unanimitéit dofir, datt d’Schoul sech net soll op den Enseignement reduzéieren, mee aus de Schoulkanner opgeklärte Biergerinnen a Bierger maachen (91 Prozent) an alle Kanner eng artistesch, biergerkundlech a manuell Erzéiung soll ginn (87 Prozent). • Kris, Chômage, Renten Eng grouss Majoritéit vun Iech (70 Prozent) géifen et gutt fannen, wann e Plafong bei de Rente géif agefouert ginn. 65 Prozent wiere bereet, eng eege Participatioun ze bezuelen. Ëmgedréit si 57 Prozent vun Iech fir d’Aféierung vun enger Grondrent.
  • 2. • Egalitéit Fir vill vun Iech ass d’Gläichheet e wichtege Prinzip. Iwwert d’Halschent mengen, datt all d’Posten an der Fonction publique och fir auslännesch Leit missten op sinn, wann se di richteg Qualifikatiounen hunn. 47 Prozent fannen, datt eng gesetzlech Fraequot bei leedende Funktiounen an an de Verwaltungsréit misst agefouert ginn. Bei aneren Theme stëmmen eis als Nohaltegkeetsrot d’Resultater vum Sondage méi nodenklech, well mer en Ecart tëscht den Erwaardunge vun de Biergerinnen a Bierger un d’Politik an hirer eegener perséinlecher Oppenheet fir Ännerunge feststellen. E puer Beispiller: • Liewensqualitéit 73 Prozent vun de Biergerinnen a Bierger sinn der Meenung, datt mir iwwert eise Verhältnisser liewen, a 74 Prozent, datt hiert perséinlecht Verhale wichteg ass fir datt d’Gesellschaft kann änneren. Awer 48 Prozent vun Iech soen och, datt sech am Idealfall näischt soll un hirer perséinlecher Situatioun änneren. • Klimaproblematik Als Nohaltegkeetsrot stelle mir mat Zefriddenheet fest, datt d'Klimaproblematik allgemeng erkannt gëtt an datt vill Leit d’accord sinn, datt Mesuren dogéint musse geholl ginn. 73 Prozent vun Iech mengen, datt mer zu Lëtzebuerg iwwert eise Verhältnisser liewen, a 74 Prozent (also bal dräi Véirel), datt de Klimawiessel d’Liewen zu Lëtzebuerg an den nächsten 20 Joer wäert beaflossen. 80 Prozent fannen suguer, d’Regierung misst méi staark géint d’Klimaverännerungen agéieren. Mir fannen et awer schued, datt zwar d’Erwaardunge vis-à-vis vum Staat héich sinn, vill Biergerinnen a Bierger awer entweder ze vill grouss Contrainten hunn oder keng staark perséinlech Bereetschaft, hiert eegent Verhalen positiv ze veränneren. Ëmmerhin 26 Prozent fannen: “Et ass net u mir fir iwwer d’Problemer vum Land nozedenken a Léisungen ze sichen.” Nëmmen 42 Prozent wiere prett, méi Steieren ze bezuelen, an 48 Prozent wieren dogéint, datt de Präis vum Benzin géif un dee vun eisen Nopeschlänner ugepasst ginn, 22 Prozent hunn nach ni dru geduecht fir manner de Fliger ze benotze fir an d’Vakanz. Dogéint wieren awer 67 Prozent dofir, datt amplaz vun enger drëtter Spur op der Autobunn den ëffentlechen Transport soll gefördert ginn. A 65 Prozent wiere bereet, den ëffentlechen Transport ze benotzen, wann e méi komfortabel wier. • Valeuren, Liewensqualitéit a sozial Kohesioun
  • 3. Bei de Valeuren si Wäerter wéi Respekt vun deenen aneren, Fräiheet a Gerechtegkeet fir iwwer 80 Prozent vun Iech wichteg, an den Ëmweltschutz esouguer fir 90 Prozent. Dogéint schneid d’Cohabitatioun vun de verschiddenen Nationalitéiten a Kulturen wäit manner gutt ower: Dëse Wäert gëtt nëmme vu 70 Prozent vun de Befroten als wichteg ëmfond, dee Wäert fält esouguer op 61 Prozent bei de Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit, während e bei den auslännesche Leit 80, a bei de portugisesche Leit souguer 85 Prozent erreecht. Fir den Nohaltegkeetsrot ergëtt sech aus dëse Resultater, datt vill vun Iech zwar d’Noutwendegkeet vu gesellschaftleche Changementer gesinn. Vill Biergerinnen a Bierger schéngen awer der Meenung ze sinn, datt et fir d’éischt un der Politik ass, fir dës Changementer an Ugrëff ze huelen, an eréischt an engem 2. Schrëtt bei hinne selwer. D’Wichtegkeet vu Changementer gëtt och éischter a Beräicher gesinn, wou et ëm d’Ofsécherung vu materiellem Wuelstand a Liewensgrondlage geet (Renten, Educatioun, Ëmwelt) wéi am Beräich vum sozialen Zesummeliewen. Nodenklech stëmmt eis och, datt a Krisenzäiten eis Solidaritéit mat der Drëtter Welt a Fro gestallt gëtt: Iwwer d’Halschent vun de Befroten (51 Prozent) wore bereet, fir d’Lëtzebuerger Entwécklungshëllef ze reduzéieren. Virun allem déi Jonk (ënnert 25 Joer) schéngen sech Froen ze stellen, wat d’zukünfteg Liewensqualitéit ugeet. Dëse Constat mécht eis als Nohaltegkeetsrot natierlech Suergen, mä e muss awer och als Défi un d’Politik an un eis all verstane ginn: An allen Decisiounen, déi mer haut huelen oder net huelen, musse mer eis bestänneg d’Fro stellen, wéi en Effet dëst op d’Zukunft vun den nächste Generatiounen huet. Ob der dierft wielen oder net, mir wéilten Iech fir dës Walen net nëmme mat op de Wee ginn, datt der de Parteien hir Bereetschaft iwwerpréift, Aktiounen ze ënnerhuelen, déi fir en nohaltegt Funktionéiere vun eiser Gesellschaft noutwenneg sinn. Mir wéilten Iech och drunn erënneren, datt Demokratie méi ass wéi all fënnef Joer wiele goen. Demokratie bedeit och, sech perséinlech ze implizéieren a bereet ze sinn, Changementer matzedroen. „Nohalteg Entwécklung“ heescht, datt d’Gesellschaft sech soll sou entwéckelen, dat et deene Generatiounen déi no eis kommen nach grad esou gutt geet, wéi eis haut. An dat esouwuel op ökologeschem wéi och op ökonomeschem a op sozio-kulturellem Plang. An deem Sënn wënsche mir Iech, léif Biergerin, léiwe Bierger, datt Dir di gutt Wiel fir eis Gesellschaft trefft. [1] Sondage TNS-Ilres fir den Nohaltegkeetsrot vum Fréijoer 2013, échantillon vun 1010 Persounen, di zu Lëtzebuerg liewen.