SlideShare une entreprise Scribd logo
1  sur  4
Télécharger pour lire hors ligne
1/4
Discours de Noël 2021 de S.A.R. le Grand-Duc
Léif Matbierger,
Eis Gesellschaft stoung och dëst Joer nees virun enormen Erausfuerderungen. Dofir sollte mir
äis an dëse Chrëschtdeeg un déi Wäerter erënneren, déi fir eist Zesummeliewe wierklech
wichteg sinn: Hëllefsbereetschaft, Matgefill, Solidaritéit a Respekt. Déi Wäerter brauche mir
grad haut, wou d’Pandemie nach ëmmer present ass, an eisen Alldag beaflosst.
Mir léiere besser mam Virus ze liewen a mir passen eis un. Duerch déi enorm Efforte vun der
Wëssenschaft an der internationaler Zesummenaarbecht, konnten Impfstoffer a
Medikamenter entwéckelt ginn, déi et erlaben, de Virus lues a lues ze meeschteren.
De Wee dohin ass laang, och well de Virus ëmmer erëm zu neie Variante mutéiert. Dofir ass e
kollektiven Effort néideg, a mir musse weiderhin alleguer eis Responsabilitéiten huelen.
D’Solidaritéit an eiser Gesellschaft bleift essentiell. Dëst Zesummenhalen, ee fir deen aneren do
sinn, hu mir schonn e puer Mol an eiser Geschicht gewisen. Och haut ass et wichteg, datt mir
eis Famill, Frënn, Noperen, Bekannten oder och Leit, déi mir net kennen, ënnerstëtzen.
Zesumme mat der Grande-Duchesse soen ech e ganz grousse Merci un all déi Leit hei am Land,
déi sech besonnesch asetzen, fir datt mir aus dëser aussergewéinlecher Situatioun
erauskommen.
Et muss äis ze denke ginn, dass och an eisem Land vill Leit et schwéier hunn. Aarmutt gëtt et
och zu Lëtzebuerg. Mir stinn an der Verflichtung als Gesellschaft, déi Mënsche besonnesch
z’ënnerstëtzen, an hinnen eng Hand ze reechen.
Déi Solidaritéit brauche mir och weltwäit, well mir sëtzen all am selwechte Boot, a mussen de
Virus a seng Konsequenze global meeschter ginn.
Mir däerfen net vergiessen, datt de Virus weltwäit nach ëmmer all Dag Dausenden Doudesaffer
fuerdert. D'Impfunge sinn den eenzege Wee, fir d'Pandemie ënner Kontroll ze kréien.
2/4
Léif Matbierger,
An enger Demokratie huet natierlech jiddereen e Recht op seng Meenung, a jiddereen ass fräi,
fir sech selwer ze decidéieren. Mee et muss ee sech bewosst sinn, datt deem Enge seng Fräiheet
do ophält, wou deem Anere seng ufänkt. An zu där Fräiheet gehéiert och d’Sécherheet an
d’Gesondheet vu jidderengem.
Mir mussen an eiser Gesellschaft kënnen éierlech an oppen iwwer kontrovers Theme matenee
schwätzen: mat Toleranz an am Respekt fir verschidde Meenungen. Mir brauchen eng objektiv,
op Fakte baséiert Diskussioun. Nëmmen esou fanne mir e Konsens op komplex Froen, déi fir déi
nächst Generatiounen a fir eis Zukunft wichteg sinn. An Decisiounen, déi am demokratesche
Prozess geholl goufen, mussen dann och ëmgesat ginn.
Demokratie heescht, d’Decisioune vun der Majoritéit ze respektéieren. Et ass inakzeptabel an
de falsche Wee, mat Gewalt wëllen dorun eppes ze änneren. Gewalt ass ni eng Léisung, a gëtt
an eisem Rechtsstaat net toleréiert.
Léif Leit alleguer,
D’Gesondheetskris steet zanter dem Ufank vum leschte Joer zu Recht am Mëttelpunkt. Mee déi
aner grouss Defie sinn net verschwonnen. Dir wësst, datt de Klimaschutz mir besonnesch um
Häerz läit, an ech weess, dass et Ville vun Iech d’selwecht geet. Déi terribel
Iwwerschwemmungen, déi dëst Joer vill Leed iwwer eist Land an d’Groussregioun bruecht
hunn, sinn eng weider Illustratioun, datt mir dréngend agéiere mussen.
Säit der Industrialisatioun sinn duerch Technologie an Innovatioun immens Fortschrëtter
gemaach ginn. Eise Planéit huet awer iwwer all déi Joren och staark ënnert dëser rasanter
Entwécklung gelidden.
Vun der UNO Klimakonferenz zu Glasgow hat ee sech sécher méi erhofft, an trotzdeem sinn am
November wichteg Decisioune geholl ginn, déi elo mussen ëmgesat ginn. Dat gëtt net einfach,
mee och hei musse Léisunge mat Courage an Determinatioun fonnt ginn.
Ech schwätze reegelméisseg mat jonke Leit a sinn impressionéiert vun hirem Wëssen an hirem
Realismus, awer virun allem vun hirem enorme Wëllen an Engagement, sech fir eng méi
nohalteg Welt anzesetzen. Et geet ëm hir Zukunft a si hunn e Recht drop, matzeschwätzen an
hir Iddien anzebréngen.
3/4
Léif Matbierger,
Mir hunn d’Chance, datt eis Wirtschaft zolidd Fundamenter huet, op déi mir weider opbaue
kënnen. Lëtzebuerg huet et ëmmer erëm fäerdeg bruecht, Defien als nei Opportunitéiten ze
gesinn, an eist Land huet sech esou ëmmer erëm selwer nei erfonnt.
Et ass och esou, wéi Lëtzebuerg sech op der Weltausstellung zu Dubai presentéiert, als
“Resourceful Luxembourg”.
Mir sinn eng Gesellschaft, déi vun hirer grousser Diversitéit, Oppenheet an Toleranz lieft, an
doduerch fir d’Zukunft gutt opgestallt ass. Als Land huele mir eis Responsabilitéiten eescht a
schaffen aktiv mat, fir datt mir nei Weeër fanne fir Ziler, wéi d’CO2 Neutralitéit bis 2050,
z’erreechen.
Och Initiativen aus dem Privatsecteur spillen do eng ganz wichteg Roll. Mir brauche
Pionéiergeescht, fir eis Welt méi effizient, méi propper, méi equitabel a méi nohalteg fir äis all
ze maachen.
Léif Matbierger,
COVID huet och de multilaterale System méi fragil gemaach an national Reflexer zum Deel nees
verstäerkt.
D’Pandemie huet eis gläichzäiteg awer och gewisen, wéi wichteg europäesch Solidaritéit ass.
Krise vun dësem Ausmooss sinn net eleng ze meeschteren. Dat ass e Grond fir méi Europa, e
staarkt Europa.
Iwwer d’EU eraus huet Lëtzebuerg sech nach ëmmer fir Multilateralismus, fir de Respekt vun
de Mënscherechter a vum internationale Recht agesat. Dësen Engagement gouf belount, a
Lëtzebuerg gouf am Oktober, fir déi alleréischte Kéier, an de Mënscherechtsrot vun der UNO
gewielt.
Duerch eis Präsens an deem Gremium kënne mir zesumme mat anere Staate wesentlech Theme
weiderbréngen: ech denken un den État de droit, d’Lutte géint de Klimawandel a säin Impakt
op Mënscherechter wéi Zougang zu Waasser, Gesondheet an Ernierung. Mee och un Theme
wéi Fraen- a Kannerrechter, a speziell de Rechter vun de Meedercher, déi der Grande-Duchesse
ganz besonnesch um Häerz leien. An net ze vergiessen, den Effort géint Diskriminatioun vu
Minoritéiten.
4/4
Léif Leit alleguer,
Mir hunn elo bal zwee Joer hannert äis, wou mir mat der Pandemie liewen. Mir hunn de Kapp
net hänke gelooss, a mir däerfen äis och elo net decouragéiere loossen.
Als Gesellschaft musse mir zesummen halen, a weiderhin zesumme Léisunge fannen,
- am Interêt vun alle Matbierger,
- am Interêt vun de Generatiounen, déi no eis kommen,
- am Interêt vum Land,
- vun Europa,
- vun der Welt.
Mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume, der Prinzessin Stéphanie, dem Prënz Charel
an all eise Kanner, wënschen ech Iech vu ganzem Häerze schéi Chrëschtdeeg, an all Guddes fir
2022.

Contenu connexe

Plus de NicolasLonard3

Discours du 1er mai du LCGB
Discours du 1er mai du LCGBDiscours du 1er mai du LCGB
Discours du 1er mai du LCGBNicolasLonard3
 
Discours du 1er mai de l’OGBL
Discours du 1er mai de l’OGBLDiscours du 1er mai de l’OGBL
Discours du 1er mai de l’OGBLNicolasLonard3
 
Accord-Tripartite-Solidariteitspak
Accord-Tripartite-SolidariteitspakAccord-Tripartite-Solidariteitspak
Accord-Tripartite-SolidariteitspakNicolasLonard3
 
GrecoRC4(2022)4-Final-fr-3eIntérim-Luxembourg-PUBLIC.docx.pdf
GrecoRC4(2022)4-Final-fr-3eIntérim-Luxembourg-PUBLIC.docx.pdfGrecoRC4(2022)4-Final-fr-3eIntérim-Luxembourg-PUBLIC.docx.pdf
GrecoRC4(2022)4-Final-fr-3eIntérim-Luxembourg-PUBLIC.docx.pdfNicolasLonard3
 
Présentation du campus he:al
Présentation du campus he:alPrésentation du campus he:al
Présentation du campus he:alNicolasLonard3
 
Conclusions du Conseil européen
Conclusions du Conseil européenConclusions du Conseil européen
Conclusions du Conseil européenNicolasLonard3
 
Déclaration du gouvernement luxembourgeois
Déclaration du gouvernement luxembourgeoisDéclaration du gouvernement luxembourgeois
Déclaration du gouvernement luxembourgeoisNicolasLonard3
 
Arrêts de la CJUE contre les recours de la Hongrie et de la Pologne
Arrêts de la CJUE contre les recours de la Hongrie et de la PologneArrêts de la CJUE contre les recours de la Hongrie et de la Pologne
Arrêts de la CJUE contre les recours de la Hongrie et de la PologneNicolasLonard3
 
Avis du groupe d'experts
Avis du groupe d'expertsAvis du groupe d'experts
Avis du groupe d'expertsNicolasLonard3
 
Document de synthèse sur l’obligation vaccinale
Document de synthèse sur l’obligation vaccinaleDocument de synthèse sur l’obligation vaccinale
Document de synthèse sur l’obligation vaccinaleNicolasLonard3
 
Discours de Noël 2021 du Grand-Duc Henri (F)
Discours de Noël 2021 du Grand-Duc Henri (F)Discours de Noël 2021 du Grand-Duc Henri (F)
Discours de Noël 2021 du Grand-Duc Henri (F)NicolasLonard3
 
Cp ketterthill test pcr 6 12 21_ok
Cp ketterthill test pcr 6 12 21_okCp ketterthill test pcr 6 12 21_ok
Cp ketterthill test pcr 6 12 21_okNicolasLonard3
 
La liste des montants pour toutes les communes
La liste des montants pour toutes les communesLa liste des montants pour toutes les communes
La liste des montants pour toutes les communesNicolasLonard3
 
Adaptation du dispositif sanitaire education nationale_26 11 2021
Adaptation du dispositif sanitaire education nationale_26 11 2021Adaptation du dispositif sanitaire education nationale_26 11 2021
Adaptation du dispositif sanitaire education nationale_26 11 2021NicolasLonard3
 
Des aides publiques à saisir
Des aides publiques à saisirDes aides publiques à saisir
Des aides publiques à saisirNicolasLonard3
 
Rapport compte-general-2020-vp
Rapport compte-general-2020-vpRapport compte-general-2020-vp
Rapport compte-general-2020-vpNicolasLonard3
 
Avis du Conseil d'état sur le projet de loi Covid
Avis du Conseil d'état sur le projet de loi CovidAvis du Conseil d'état sur le projet de loi Covid
Avis du Conseil d'état sur le projet de loi CovidNicolasLonard3
 
Avis de la CHFEP sur la prochaine loi Covid
Avis de la CHFEP sur la prochaine loi CovidAvis de la CHFEP sur la prochaine loi Covid
Avis de la CHFEP sur la prochaine loi CovidNicolasLonard3
 

Plus de NicolasLonard3 (20)

Discours du 1er mai du LCGB
Discours du 1er mai du LCGBDiscours du 1er mai du LCGB
Discours du 1er mai du LCGB
 
Discours du 1er mai de l’OGBL
Discours du 1er mai de l’OGBLDiscours du 1er mai de l’OGBL
Discours du 1er mai de l’OGBL
 
Accord-Tripartite-Solidariteitspak
Accord-Tripartite-SolidariteitspakAccord-Tripartite-Solidariteitspak
Accord-Tripartite-Solidariteitspak
 
GrecoRC4(2022)4-Final-fr-3eIntérim-Luxembourg-PUBLIC.docx.pdf
GrecoRC4(2022)4-Final-fr-3eIntérim-Luxembourg-PUBLIC.docx.pdfGrecoRC4(2022)4-Final-fr-3eIntérim-Luxembourg-PUBLIC.docx.pdf
GrecoRC4(2022)4-Final-fr-3eIntérim-Luxembourg-PUBLIC.docx.pdf
 
Présentation du campus he:al
Présentation du campus he:alPrésentation du campus he:al
Présentation du campus he:al
 
Conclusions du Conseil européen
Conclusions du Conseil européenConclusions du Conseil européen
Conclusions du Conseil européen
 
Déclaration du gouvernement luxembourgeois
Déclaration du gouvernement luxembourgeoisDéclaration du gouvernement luxembourgeois
Déclaration du gouvernement luxembourgeois
 
Arrêts de la CJUE contre les recours de la Hongrie et de la Pologne
Arrêts de la CJUE contre les recours de la Hongrie et de la PologneArrêts de la CJUE contre les recours de la Hongrie et de la Pologne
Arrêts de la CJUE contre les recours de la Hongrie et de la Pologne
 
Avis du groupe d'experts
Avis du groupe d'expertsAvis du groupe d'experts
Avis du groupe d'experts
 
Document de synthèse sur l’obligation vaccinale
Document de synthèse sur l’obligation vaccinaleDocument de synthèse sur l’obligation vaccinale
Document de synthèse sur l’obligation vaccinale
 
Discours de Noël 2021 du Grand-Duc Henri (F)
Discours de Noël 2021 du Grand-Duc Henri (F)Discours de Noël 2021 du Grand-Duc Henri (F)
Discours de Noël 2021 du Grand-Duc Henri (F)
 
Cp ketterthill test pcr 6 12 21_ok
Cp ketterthill test pcr 6 12 21_okCp ketterthill test pcr 6 12 21_ok
Cp ketterthill test pcr 6 12 21_ok
 
La liste des montants pour toutes les communes
La liste des montants pour toutes les communesLa liste des montants pour toutes les communes
La liste des montants pour toutes les communes
 
Adaptation du dispositif sanitaire education nationale_26 11 2021
Adaptation du dispositif sanitaire education nationale_26 11 2021Adaptation du dispositif sanitaire education nationale_26 11 2021
Adaptation du dispositif sanitaire education nationale_26 11 2021
 
Statnews 56
Statnews 56Statnews 56
Statnews 56
 
Des aides publiques à saisir
Des aides publiques à saisirDes aides publiques à saisir
Des aides publiques à saisir
 
Rapport compte-general-2020-vp
Rapport compte-general-2020-vpRapport compte-general-2020-vp
Rapport compte-general-2020-vp
 
Avis du Conseil d'état sur le projet de loi Covid
Avis du Conseil d'état sur le projet de loi CovidAvis du Conseil d'état sur le projet de loi Covid
Avis du Conseil d'état sur le projet de loi Covid
 
Avis de la CHFEP sur la prochaine loi Covid
Avis de la CHFEP sur la prochaine loi CovidAvis de la CHFEP sur la prochaine loi Covid
Avis de la CHFEP sur la prochaine loi Covid
 
Projet de loi Covid
Projet de loi CovidProjet de loi Covid
Projet de loi Covid
 

Discours de Noël du Grand-Duc Henri (L)

  • 1. 1/4 Discours de Noël 2021 de S.A.R. le Grand-Duc Léif Matbierger, Eis Gesellschaft stoung och dëst Joer nees virun enormen Erausfuerderungen. Dofir sollte mir äis an dëse Chrëschtdeeg un déi Wäerter erënneren, déi fir eist Zesummeliewe wierklech wichteg sinn: Hëllefsbereetschaft, Matgefill, Solidaritéit a Respekt. Déi Wäerter brauche mir grad haut, wou d’Pandemie nach ëmmer present ass, an eisen Alldag beaflosst. Mir léiere besser mam Virus ze liewen a mir passen eis un. Duerch déi enorm Efforte vun der Wëssenschaft an der internationaler Zesummenaarbecht, konnten Impfstoffer a Medikamenter entwéckelt ginn, déi et erlaben, de Virus lues a lues ze meeschteren. De Wee dohin ass laang, och well de Virus ëmmer erëm zu neie Variante mutéiert. Dofir ass e kollektiven Effort néideg, a mir musse weiderhin alleguer eis Responsabilitéiten huelen. D’Solidaritéit an eiser Gesellschaft bleift essentiell. Dëst Zesummenhalen, ee fir deen aneren do sinn, hu mir schonn e puer Mol an eiser Geschicht gewisen. Och haut ass et wichteg, datt mir eis Famill, Frënn, Noperen, Bekannten oder och Leit, déi mir net kennen, ënnerstëtzen. Zesumme mat der Grande-Duchesse soen ech e ganz grousse Merci un all déi Leit hei am Land, déi sech besonnesch asetzen, fir datt mir aus dëser aussergewéinlecher Situatioun erauskommen. Et muss äis ze denke ginn, dass och an eisem Land vill Leit et schwéier hunn. Aarmutt gëtt et och zu Lëtzebuerg. Mir stinn an der Verflichtung als Gesellschaft, déi Mënsche besonnesch z’ënnerstëtzen, an hinnen eng Hand ze reechen. Déi Solidaritéit brauche mir och weltwäit, well mir sëtzen all am selwechte Boot, a mussen de Virus a seng Konsequenze global meeschter ginn. Mir däerfen net vergiessen, datt de Virus weltwäit nach ëmmer all Dag Dausenden Doudesaffer fuerdert. D'Impfunge sinn den eenzege Wee, fir d'Pandemie ënner Kontroll ze kréien.
  • 2. 2/4 Léif Matbierger, An enger Demokratie huet natierlech jiddereen e Recht op seng Meenung, a jiddereen ass fräi, fir sech selwer ze decidéieren. Mee et muss ee sech bewosst sinn, datt deem Enge seng Fräiheet do ophält, wou deem Anere seng ufänkt. An zu där Fräiheet gehéiert och d’Sécherheet an d’Gesondheet vu jidderengem. Mir mussen an eiser Gesellschaft kënnen éierlech an oppen iwwer kontrovers Theme matenee schwätzen: mat Toleranz an am Respekt fir verschidde Meenungen. Mir brauchen eng objektiv, op Fakte baséiert Diskussioun. Nëmmen esou fanne mir e Konsens op komplex Froen, déi fir déi nächst Generatiounen a fir eis Zukunft wichteg sinn. An Decisiounen, déi am demokratesche Prozess geholl goufen, mussen dann och ëmgesat ginn. Demokratie heescht, d’Decisioune vun der Majoritéit ze respektéieren. Et ass inakzeptabel an de falsche Wee, mat Gewalt wëllen dorun eppes ze änneren. Gewalt ass ni eng Léisung, a gëtt an eisem Rechtsstaat net toleréiert. Léif Leit alleguer, D’Gesondheetskris steet zanter dem Ufank vum leschte Joer zu Recht am Mëttelpunkt. Mee déi aner grouss Defie sinn net verschwonnen. Dir wësst, datt de Klimaschutz mir besonnesch um Häerz läit, an ech weess, dass et Ville vun Iech d’selwecht geet. Déi terribel Iwwerschwemmungen, déi dëst Joer vill Leed iwwer eist Land an d’Groussregioun bruecht hunn, sinn eng weider Illustratioun, datt mir dréngend agéiere mussen. Säit der Industrialisatioun sinn duerch Technologie an Innovatioun immens Fortschrëtter gemaach ginn. Eise Planéit huet awer iwwer all déi Joren och staark ënnert dëser rasanter Entwécklung gelidden. Vun der UNO Klimakonferenz zu Glasgow hat ee sech sécher méi erhofft, an trotzdeem sinn am November wichteg Decisioune geholl ginn, déi elo mussen ëmgesat ginn. Dat gëtt net einfach, mee och hei musse Léisunge mat Courage an Determinatioun fonnt ginn. Ech schwätze reegelméisseg mat jonke Leit a sinn impressionéiert vun hirem Wëssen an hirem Realismus, awer virun allem vun hirem enorme Wëllen an Engagement, sech fir eng méi nohalteg Welt anzesetzen. Et geet ëm hir Zukunft a si hunn e Recht drop, matzeschwätzen an hir Iddien anzebréngen.
  • 3. 3/4 Léif Matbierger, Mir hunn d’Chance, datt eis Wirtschaft zolidd Fundamenter huet, op déi mir weider opbaue kënnen. Lëtzebuerg huet et ëmmer erëm fäerdeg bruecht, Defien als nei Opportunitéiten ze gesinn, an eist Land huet sech esou ëmmer erëm selwer nei erfonnt. Et ass och esou, wéi Lëtzebuerg sech op der Weltausstellung zu Dubai presentéiert, als “Resourceful Luxembourg”. Mir sinn eng Gesellschaft, déi vun hirer grousser Diversitéit, Oppenheet an Toleranz lieft, an doduerch fir d’Zukunft gutt opgestallt ass. Als Land huele mir eis Responsabilitéiten eescht a schaffen aktiv mat, fir datt mir nei Weeër fanne fir Ziler, wéi d’CO2 Neutralitéit bis 2050, z’erreechen. Och Initiativen aus dem Privatsecteur spillen do eng ganz wichteg Roll. Mir brauche Pionéiergeescht, fir eis Welt méi effizient, méi propper, méi equitabel a méi nohalteg fir äis all ze maachen. Léif Matbierger, COVID huet och de multilaterale System méi fragil gemaach an national Reflexer zum Deel nees verstäerkt. D’Pandemie huet eis gläichzäiteg awer och gewisen, wéi wichteg europäesch Solidaritéit ass. Krise vun dësem Ausmooss sinn net eleng ze meeschteren. Dat ass e Grond fir méi Europa, e staarkt Europa. Iwwer d’EU eraus huet Lëtzebuerg sech nach ëmmer fir Multilateralismus, fir de Respekt vun de Mënscherechter a vum internationale Recht agesat. Dësen Engagement gouf belount, a Lëtzebuerg gouf am Oktober, fir déi alleréischte Kéier, an de Mënscherechtsrot vun der UNO gewielt. Duerch eis Präsens an deem Gremium kënne mir zesumme mat anere Staate wesentlech Theme weiderbréngen: ech denken un den État de droit, d’Lutte géint de Klimawandel a säin Impakt op Mënscherechter wéi Zougang zu Waasser, Gesondheet an Ernierung. Mee och un Theme wéi Fraen- a Kannerrechter, a speziell de Rechter vun de Meedercher, déi der Grande-Duchesse ganz besonnesch um Häerz leien. An net ze vergiessen, den Effort géint Diskriminatioun vu Minoritéiten.
  • 4. 4/4 Léif Leit alleguer, Mir hunn elo bal zwee Joer hannert äis, wou mir mat der Pandemie liewen. Mir hunn de Kapp net hänke gelooss, a mir däerfen äis och elo net decouragéiere loossen. Als Gesellschaft musse mir zesummen halen, a weiderhin zesumme Léisunge fannen, - am Interêt vun alle Matbierger, - am Interêt vun de Generatiounen, déi no eis kommen, - am Interêt vum Land, - vun Europa, - vun der Welt. Mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume, der Prinzessin Stéphanie, dem Prënz Charel an all eise Kanner, wënschen ech Iech vu ganzem Häerze schéi Chrëschtdeeg, an all Guddes fir 2022.